Referendum 2015

Publié le

3 x JO, fir méi Demokratie

Referendum 2015

 

De 7. Juni kënne mir am Referendum eis Meenung zu 3 Froen äusseren. Froen déi eis Demokratie stäerken kënnen. Den Ament kënne nëmme 54% vun den Awunner wiele goen. Déi rechtlech Leit hunn och e Recht op Matgestaltung vun hierem Ëmfeld, an och si sollen hier Vertrieder wiele kënnen. 

 

Awunnerwahlrecht

Em wat geet et?

Net-Lëtzebuerger déi säit mindestens 10 Joer am Land wunnen dierfe wiele goen, wann se virdru schonn u Gemengen- oder Europawahlen deelgeholl hunn, an se sech fräiwëlleg op d’Wahllëschten ageschriwwen hunn. Dono gëllt och fir si Wahlflicht. Sech selwer zur Wahl opsetze bleift awer deene mat Lëtzebuerger Nationalitéit virbehalen.

Firwat Jo?

Leit déi säit 10 Joer hei wunnen, hei schaffen oder souguer mat der Arméi an Auslandsmissioune ginn mat enger Waff am Grapp, an sech fir hiert Ëmfeld intresséieren, sollen och d’Recht kréie politesch mat ze entscheeden. Net jidderee kann oder wëll seng Nationalitéit opginn oder eng Zweet unhuelen, wat zum Deel historesch an emotional Hannergrënn huet, awer och mat hierer Identitéit ze dinn huet. Trotzdem sinn si hei integréiert an sollen e Recht hunn hier Meenung ze äusseren.
Dofir e klore Jo!

 

Jugendwahlrecht

Em wat geet et?

Jugendlecher ab 16 Joer dierfe bei de Gemengen-, Chamber- an Europawahlen deelhuele wann si sech virdru fräiwëlleg op d’Wahllëschten ageschriwwen hunn. Sech selwer zur Wahl opsetze geet weiderhi réischt ab 18 Joer.

Firwat Jo?

Vill jonk Leit intresséieren sech scho mat 16 Joer fir Politik, an en Deel vun den anere stellt sech vläit d’Fro, firwat sollt en sech informéiere wann en souwisou net matbestëmme kann. Mat 16 Joer dierf een seng Bankkonten, also seng Suen, selwer verwalten, et dierf een Béier kafen, an dass en viru Geriecht deels selwer responsabel fir seng Doten. E vun de gréisste Streiken zu Lëtzebuerg war vu Schüler an d’Liewe geruff ginn géint Ännerungen am Bildungswiesen. En Zeechen dat hinnen net egal ass wat entscheed gëtt. Mais wiele goe schéngt ondenkbar? Dat dierf net sinn. Och de jonken hier Stëmmen sollen zielen well och déi eis Demokratie verbesseren. Dofir och hei e klore Jo!

 

Mandatsbegrenzung

Em wat geet et?

E Politiker kann net méi wéi 10 Joer um Stéck an der Regierung sinn. Da muss hien minimum eng Legislaturperiod aussetzen. Allerdings däerf hien an Tëschenzäit e Posten aus Deputéierten unhuelen.

Firwat Jo?

10 Joer bidd engem Politiker genuch Zäit seng Iddien ëmzesetzen. Dono ass et eng gutt Saach frësch Iddien an d’Spill ze bréngen. D’Mandat soll zäitlech begrenzt sinn an et soll keen an der Regierung mat sengem Stull verwuessen. Nei Politiker kréien d’Chance sech ze beweisen, woumat Demokratie belieft gëtt. Och hei, Jo!

 

1919 huet Lëtzebuerg schonn eng kéier e Schrëtt gemaach fir Demokratie ze verbesseren, an huet de Fraen d’Wahlrecht ginn. Eppes wat déi Zéit schwéier firstellbar war, haut awer net méi wech ze denken ass.
Et bidd sech eisem Land alt nees eng Kéier d’Geleeënheet aus Pionéier an der Demokratie erwier ze trieden. Dofir, 3 x JO, fir méi Demokratie!

 

Fir “déi gréng” Maacher

Marc Bonert

President