Grondsteenleeung vun der neier Sporthal

Publié le

De Grondstee fir de Bau vun der neier Sportshal op Flohr gouf geluecht.

A Präsenz vum Sportminister Romain Schneider gouf den 11. Mäerz 2016 um 16 Auer de Grondstee fir de Bau vun der neier Hal op Flohr geluecht.

Zu Éieren vum kierzlech verstuerwenen Aly Gary gouf ënner anerem eng Turnschlapp vun him mat agemauert. Zu senger Zäit aus Conseiller an och aus Schäffen louch dëse Projet him besonnesch um Häerz.