Generalversammlung 2014

Publié le

Rapport vun der Generalversammlung vum 14. Januar 2014

D’Generalversammlung 2014  vun der Lokalsektioun Gréiwemaacher gouf de 14. Januar um 19.30 Auer am Kulturcafé vum Kultuerhuef ofgehal. Mat dobäi waren d’Madame Ministesch Carole Dieschbourg an den Här Ostdeputéierten Henri Kox. De Maacher Buergermeeschter an CSV Deputéierten Léon Gloden war och présent.

Usprooch vum President

De President Aly Gary begréisst d’Memberen an d’Sympathisanten vun der Sektioun ewéi och d’Invitéeën op der Generalversammlung a seet Merci fir hier Präsenz.

An engem Réckbléck op 2013 geet hien op déi sëllechen Projet’en an, déi d’Partei mam Koalitiounspartner CSV am leschten Joer, respektiv säit de leschten Gemengewahlen, realiséiert huet. Sief et déi nei Bréck déi Maacher mat Wellen verbënnt, d’Renovatioun vum alen Festungstuerm, Aarbechten an der Schoul, d’Erweiderung vum Fuerpark vun der Gemeng an de Pompjeeën oder de Klimapakt. Et ass vill geschitt, an et kann een mat der geleeschter Aarbecht zefridden sinn.

Decharge vum Trésorier

D’Tun Gary mécht säi Rapport aus Trésorière. De Reviseur de caisse Dan Michels confirméiert  dat de Bilan korrekt ass. Den zweete Reviseur, den Edgar Back war net present, hat awer bei senger Iwwerpréifung och näischt festgestallt, sou dat d’Generalversammlung decharge vum Trésorier unhëlt.

D’Joer 2013 gët mat engem Gesamtmontant vun 3367,75 €  ofgeschloss.

Des weidere gouf beschloss dat d’Sektioun d’Bank wiesselt fir am Beräich vun Iwwerweisungfrais’en anzespueren.

Ausbléck op 2014

Den 1ten Schäffen Marcel Lamy bestätegt déi vum President opgelëschten Aarbechte vun 2013 an geet och nach op de Bau vun der Skaterpiste bei der Schleis, d’Beliechtungskonzept fir d’Foussgängerzone, de Parking résidentiel an d’Flosspartnerschafte Syr a Musel, esou weider Projet’en an.

Villes dovu stoung am Wahlprogramm an och spéider an der Schäfferotserklärung dran, un déi d’Gemeng sech och hält.

2014 soll weider dru geschafft ginn. D’Schwéierpunkte leie fir dëst Joer och scho fest. D’Gemeng wëll 4 nei Aarbechter astellen an och en Haus kafen, respektiv en anert renovéiere fir bëllege Wunnraum zur Verfügung ze stellen. Zemools de Kaf vun engem Haus bei dem d’Garage un der Ringmauer läit, ass interessant. Den aus 3 Etappe bestoende Projet Maartplaz geet an déi zweet Phase. Et soll och dru geschafft gi Maacher méi Behënnertegerecht ze gestalten. D’Gas- an d’Fibre optiques-netz sollen och weider ausgebaut ginn. Spillplaz am Schoulhaff soll erneiert ginn an e puer Ëmbauaarbechten an der Schwämm sollen och duerchgezu ginn. D’Kirsch soll nei ugestrach gi, wou awer de Ministère  an d’Kierchefabrik bäileeën. Ausserdeem steet och den Ausbau vun der Promenade um Plang.

Ze bedaueren ass just dat de Bau vun der neier Sportshal nohannen huet misse geluecht ginn. Dat fir de Budget net ze staark ze belaaschten an d’Verscholdung net weider an d’Luucht ze drécken.

Kotisatiounen

Zu de Kotisatioune  gouf et eng Rei Erklärungen. Et ginn der dären 3 Verschiddener. Fir Member vun déi gréng ze si muss een déi jäerlech 30 € bezuelen. Domadder wier een dann och Member an der Lokalsektioun. Et kann een allerdings och nëmmen eng Mitgliedschaft zu Gréiwemaacher ufroen. Fir den Tarif vun 20 €, woubäi een dann awer keen Stëmmrecht op Parteiniveau z.B. um Kongress huet. Fir d’Lokalsektioun einfach sou wëllen ze ënnerstëtze kann een och einfach eng Sympathiekaart froen. Déi kann een ab dem Montant vu 7,50 € kréien.

Comité

D’Léonie Gillen huet gefrot fir säin Amt aus Vizepresident vun der Lokalsektioun ofzeginn. De President seet him Merci fir déi vill a gutt geleeschten Aarbecht, an hofft och weider op seng wäertvoll Ënnerstëtzung.

Aus nei Vizepresidentin gouf d’Renée Schiltz vun der AG ugeholl.

Usprooch vum Henri Kox

A senger Funktioun aus Réimecher Buergermeeschter stellt den Henri Kox vill Ähnlechkeeten tëschent de Gemenge Gréiwemaacher a Réimech fest. Sief et de Projet vum Camping, d’Ausschaffe vun engem Beliechtungskonzept, oder den ze léisende Verkéiersproblem iwwer d’Bréck.

En erënnert och drun dat et aus Partei wichteg ass op d’Leit duer ze goen, och wann een an der Majoritéit ass. Dat souwuel op Kommunalem wéi och op nationalem Niveau. Et wier och nachëmmer esou dat déi gréng am Bezierk Osten am stäerkste sinn, wat een dann och bei Chamberwahle gesinn hätt.

Erfreelech ass och d’Koalitiounsofkomme vun der neier Regierung, an der een no faire Verhandlungen och ganz kloer déi gréng Spueren erkenne kann.

Usprooch vum Carole Dieschbourg

Déi nei Ministesch betount genau wéi den Henri Kox och d’Ähnlechkeet vun de Projet’en vu Gréiwemaacher a senger Heemmechtgemeng Iechternach.

Zesummenarbecht tëschent Ministère a Gemenge soll verbessert ginn, an Demandë méi séier traitéiert ginn. Dozou soll och de Wee op déi elektronesch Gestioun vun den Dokumenter bäidroen esou wéi eng besser Kommunikatioun an Transparenz.

De Ministère du Développement durable et des Infrastructures (MDDI) wärt och intern ëmstrukturéiert ginn. Doduerch fält d’Verwaltung vum Waasser och rëm an den Zoustännegkeetsberäich vum Environnement. Synergien tëschent verschiddene Ministèrë wäerten och zu Verbesserunge bäidroen. Sou soll och d’Zesummenarbecht mat der Landwirtschaft gestäerkt ginn, wat besonnesch a méi ländleche Gemenge vu groussem Virdeel ass.

Am Osten stinn och eng Rei Projet’en virun der Dier. Sou sollen do nach biologesch Statiounen opgebaut ginn an am Dossier vum scho laang geplangten Naturpark (3-Lännereck), den sech vu Réimech d’Musel rop zéie soll, wäert et och weider goen.

Op nationalem Niveau muss nach weider um Naturschutzgesetz geschafft ginn, an am Joer 2015, wa Lëtzebuerg d’Presidence huet, gëtt de Kyoto-Protokoll rëm aktuell well dësen ausleeft. D’Anhale vun dëser Konventioun ass dem Land bedauerlecherweis bis elo net wierklech gegléckt.

Verschiddenes

D’allgemeng Diskussioun huet nach eng Kéier d’Thema Naturpark Dräiännereck opgegraff. De Maacher Buergermeeschter Léon Gloden huet seng Bedenke geäussert a virun enger Ongerechtegkeet géigeniwwer de Wënzer gewarnt. Déi kéinten nämlech am Fall wou hier Wéngerten am Naturpark géinge leie finanziell benodeelegt ginn duerch Oplage wat d’Sprëtzmëttel fir Drauwen ugeet.

Den Henri Kox ass net der Meenung dat dat eng Gefor duerstellt an irschendeen benodeelegen  wäert.

En anere ganz wichtegen Dossier de Gréiwemaacher betrëfft ass den Ausbau vum Mäerterter Hafen. Do soll e neien Quai souwéi weider Tänk opgeriicht ginn. Och trotz der Tatsaach dat d’Gemeng Maacher 2 Leit am Verwaltungsrot vun der Bedreiwerfirma sëtzen huet, ass et schwéier un Informatiounen zu de Projet’en ze kommen. D’Firma schengt net mat oppene Kaarten ze spillen. D’Carole Dieschbourg wäert probéiere vu säitens MDDI méi Kloerheet an den Dossier ze bréngen.

Aus lescht Thema gouf nach iwwert Demande vun der Gemeng un den MDDI geschwat fir e P+R Parking bei der Schleis ze bauen. D’Meenunge wat de Sënn vun dësem Projet ugeet si gedeelt. Besonnesch d’Fro op dëse Parking, den een awer mat Plantatiounen och kéint optesch méi gréng gestalt géing ginn, wierklech de Pendlerverkéier entlaaschte wäert, ass berechtegt.

Ofschloss

D’Generalversammlung  gouf an Entspaanter Atmosphäre bei engem Patt an engem klenge Maufel ofgeschloss.

 

Marc Bonert

Sektretär