Den Aly GARY ass neien 1. Scheffen

Publié le

Den Aly Gary ass de 9. Januar aus Scheffen vereedegt ginn.

De 9. Januar war et esou wäit : den Aly GARY huet de Marcel LAMY als 1. Scheffen vun der Stad Gréiwemaacher ersat. Hien ass mëttes vum Minister Dan Kersch vereedegt ginn. Dem Marcel soe mer en häerzleche Merci fir alles wat hien an dene leschten 3 Joer geleescht huet. Dem Aly wënsche mer alles Gudds an eng glécklesch Hand a schwieregen Dossieren.