Ausbau vun den Tanken am Hafen Mertert

Publié le

Den 10. Februar 2015 huet d’Lokalsektioun Gréiwemaacher sech um Ministère mat der Ministesch Carole Dieschbourg an dem Minister François Bausch getraff, vir méi Opklärung am Dossier Ausbau vum Tanklager zu Mertert ze kréien.

Den 10. Februar 2015 huet d’Lokalsektioun Gréiwemaacher sech um Ministère mat der Ministesch Carole Dieschbourg an dem Minister François Bausch getraff, vir méi Opklärung am Dossier Ausbau vum Tanklager zu Mertert ze kréien.

Déi bestehend Tanken vu 60.000 Kubikmeter sollen ëm 90.000 Kubikmeter erweidert ginn. Diesel, Bensin an Kerosin sollen do gelagert ginn an och als national Reserven déngen. Dobäi kéime nach divers Additiven.

De Projet gëtt den Ament vill diskutéiert an dat Leit beonrouegt sinn ass nëmme verständlech. Kee wëll grouss Tanken viru senger Dier stoen hunn, mais besonnesch och déi Geforen déi sou e Lager ausstraalt suerge vir eng Inakzeptanz bei den Awunner. D’Fro no alternative Sitte ass séier beäntwert wann een d’Problematik objektiv bekuckt. Mat der Ubannung un d’Schinnenetz vum Zuch, a virun allem un d’Flossschëfffahrt, stinn hei zwee vun den ëmweltschounensten Transportmëttel zur Verfügung. Sou kéint een also op eng rei Camionsfahrte verzichten.

D’Gemenge rondrëm kënne natierlech duerch d’Firma och eppes an d’Keess kréien.

Wat den aktuelle Stand ugeet, sou ass nach keen definitive Plang vum Projet virgestallt ginn. Soubal de fäerdeggestalt ass gëtt en de Schäfferéit vun den emleiende Gemengen, an dem Ministère, presentéiert.

Doropshi gëtt eng Etude an Optrag ginn. Ënner anerem ginn d’Auswierkungen op Mënsch, Kaméidi, Loft, Waasser, an d’Ëmwelt allgemeng iwwerpréift. Am Kader vun der Commodosprozedur muss och eng Biergerversammlung stattfannen. D‘Bewunner vun der Gemeng wäerten sou hier Chance kréien hier Froen a Bedenken direkt un de Bedreiwer ze riichten. Dëse wäert da Riet an Äntwert stoen.

Den Duerchlaf vun der Prozedur bidd also weiderhi genuch Geleeënheete vir sech anzemëschen an e Wuert matzeschwätzen.

Op jiddefall wäerten déi gréng dësen Dossier net aus den Ae verléieren a setzen sech vir d’Wuel vun de Maacher Bierger souwéi vun der Ëmwelt an.

 

Marc Bonert

President